Wat kann ee gewannen?
D'Bands a Solokënschtler déi den 13. Juli an der Rockhal optriede, kënne vu ville Präisser profitéieren, déi de Rocklab an Zesummenaarbescht mat de Partner vum Festival offréiert.
Rocklab Package
parrainéiert vum Ministère de la Culture
-
Rocklab Membership & Suivi de projet
-
spezifesch Begleedungsmoossnahmen (Technicien conseil/Musicien conseil, Vocal Coach)
-
Opnahm am Rockhalstudio
-
Presentatioun vun engem Live Set am Kader vun enger Rocklab Session mat Audio-Video Opnahm
-
Vocal Performance Workshop Serie proposéiert vum INECC (Institut Européen de Chant Choral)
Präis fir déi beschte Live Performance
offréiert vun Den Atelier, Prabbeli-Coopérations, De Gudde Wëllen, Ville de Dudelange
-
Mini Tour & Live Preparatioun am Rocklab
Präis fir déi beschte Kompositioun
offréiert vun der SACEM Luxembourg
-
Aide à la création
Präis fir déi beschte Promo
offréiert vu Jonk Entrepreneuren Luxembourg
-
Begleedung a Berodung a fir Marketing & Kommunikatioun vum Artist sengem Projet
The Booker's Choice:
Nieft de 4 Präisser ginn den Artisten dëst Joer och eng ganz Rei weider Concertsméiglechkeeten offréiert. Verschidde lokal a regional Programmateure sichen sech een Act raus dee si live iwwerzeecht huet a buchen en an hirem Sall oder op hirem Festival.
-
Rocklab Stage op der Fête de la Musique Diddeleng 2020
offréiert vun der Ville de Dudelange
-
Fräiraim Festival 2020
offréiert vun der Philharmonie
-
Ettelbruck City Tourist Office
-
Koll an Aktioun
-
Rotondes
-
On Stéitsch Festival (Service National de la Jeunesse)

