Screaming Fields Festival 2019

Offiziellt Reglement

 

 

I. Allgemenges :

 

De Screaming Fields Festival gëtt vum Rocklab vun der Rockhal organiséiert an adresséiert sech u jonk Bands a Solokënschtler aus Lëtzebuerg déi tëscht 12 a 25 Joer al sinn.

 

E Maximum vun 8 Bands/Solokënschtler kënne sech fir de Festival qualifizéieren.

 

De Festival besteet aus 5 Etappen:

 

  • Enger Aschreiwungsphase wou all déi Bands a Solokënschtler déi beim Festival matmaache wëlle sech online umelle kënnen (vum  29. Mäerz  2019 um 12:00 bis den 26. Abrëll  2019 um 12:00)

 

  • Enger Phase wou de Public an eng Jury fir d'Bands a Kënschtler ofstëmmen (vum 29. Abrëll 2019 12:00 bis de 17. Mee 2019 12:00)

 

  • Der Ukënnegung vum definitive Line-Up (20. Mee 2019)

 

  • Der Virbereedungsphase (Begleedung duerch de Rocklab, Workshoppen a Live Prouwen am Mee, Juni a Juli)

 

  • Engem Concertsowend, Samsdes den 13. Juli 2019

 

De Screaming Fields Festival 2019 ass op fir folgend Musekstiler: Rock, Pop, Metal, Hip-Hop, elektronesch Musek an all hir Ënnerkategorien.

 

 

II. Aschreiwunge fir Bands & Solokënschtler

 

 

Umellungsformulaire:

 

D'Participante schreiwe sech online op www.screamingfields.lu/aschreiwung an andeems si den Umeldungsformulaire komplett ausfëllen an domat erkläre Kenntnis vun dësem Reglement geholl ze hunn a mat dësem averstanen ze sinn. All Umellung via den Online Formulaire ass definitiv. Nodréiglech Ännerunge ginn net akzeptéiert. D'Donnéeën déi iwwert de Formulaire eragereecht goufe gi benotzt fir e Band/Kënschtlerprofil op der Säit www.screamingfields.lu ze erstellen. Déi genee Altersugaben a Kontakdate ginn net publizéiert.

 

Band oder Solokënschtler:

 

All Participant dee sech fir de Screaming Fields umellt, alleng oder als Stellverstrieder fir eng Band, präziséiert am Umeldungsformulaire op hien dat als Band oder Solokënschtler mécht.

 

"Band":

 

Als "Band" versteet sech an dësem Kontext een Ensemble vu Museker déi eng gemeinsam kreativ Entitéit bilden, als solch optrieden a sech als solch promouvéieren

 

"Solokënschtler":

 

Als "Solokënschtler" versteet sech an dësem Kontext e Museker dee säi musikalesche Projet wäitestgehend alleng gestalt, virun allem als Solokënschtler optrëtt a sech als solche promouvéiert. E Solokënschtler huet d'Recht op der Bühn Begleetmuseker, eng Live Band oder en DJ mat derbäi ze hunn.

 

Alterskategorien:

 

All Participant dee sech fir de Screaming Fields umellt, alleng oder als Stellvertrieder fir eng Band, präziséiert am Umellungsformulaire säin Alter, respektiv den Duerchschnëttsalter vu senger Band.

 

Jee no Alter gëtt hie vun der Rockhal an déi entspriechend Kategorie ageschriwwen:

 

"12 bis 18 Joer"

 

oder

 

"19 bis 25 Joer "

 

Den Duerchschnëttsalter vun enger Band gëtt unhand vun der Moyenne vun den individuellen Altere vun all Bandmember gerechent.

 

Den Alter vun engem Solokënschtler betrëfft nëmmen de Kënschtler selwer. Seng Live-Band, Begleetmuseker oder DJe ginn net matgezielt.

 

De Rocklab hält sech d'Recht vir dës Altersugaben ze kontrolléieren andeems en e gültege Beweis fir dës verlaangt.

 

 

Publikatioun vum Band/Kënschtlerprofil:

 

No Verifikatioun vun den eragereechten Donnéeë schéckt d'Rockhal dem Participant eng Mail fir seng offiziell Selektioun fir de Voting ze bestätegen. Dee Moment gëtt d'Band/Solokënschtlerprofil och op www.screamingfields.lu online gesat.

 

 

III. De Voting:

 

Fir de Line-Up vum Festival ze ermëttele ginn all déi akzeptéiert Kandidaturen engem Voting ënnerzunn dee souwuel vum Public wéi vun enger Jury gemaach gëtt. D'Resultater vum Voting gi separat fir all Alterskategorie ermëttelt.

 

 

Voting vum Public:

 

De Public kann online iwwert d'Säit www.screamingfields.lu um Voting deehuelen. Eng eenzel Persoun kann hei op der dofir ageriichter Voting Säit eng Stëmm pro Band/Artist ofginn andeems si sech mat hirer E-mail Adress identifizéiert.

 

Nodeems dës Ofstëmmung vum Publikum riwwer ass, gëtt pro Alterskategorie ("12 bis 18 Joer" an "19 bis 25 Joer") e Klassement opgesat. Déi Band, bzw. dee Solokënschtler mat de meeschte Stëmmen steet ganz uewen, an déi/dee mat deene mannsten Stëmme steet ënnen. Da kréien d'Artiste Punkten no hirem Rang (bei 10 ugemellte Bands, z.Bsp., kritt den éischten 10 Punkten, den zweeten 9 Punkten, etc.). Sou entstinn déi zwou éischt Lëschten: d'Publikumslëschte fir déi 2 Alterskategorien.

 

 

Voting vun der Jury:

 

2 distinkt Juryen, zesummegesat aus all Kéier 5 Museker a Leit déi zu Lëtzebuerg am Museksberäich täteg sinn, bewäerte parallell zum Public all Band/Solokënschtler an der jeeweileger Alterskategorie.

 

D’Jury notéiert d'artistesch a musikalesch Qualitéit vun de Bands/Solokënschtler a stellt hir eege Ranglëscht op. D'Punkte vergëtt si nom selwechte Prinzip (bei 10 ugemellte Bands, z.Bsp., kritt hiren éischte Choix 10 Punkten, den zweeten 9 Punkten, etc.). All Jurysmember vergëtt hei seng Stëmmen eenzel. An all Alterskategorie ginn d'Punktzuele vun deene 5 eenzelne Lëschte vun de Jurysmembere dono addéiert. Vun dëser Zomm gëtt dann d'Moyenne geholl. Doraus entsteet dann d'Juryslëscht fir déi jeeweileg Alterskategorie.

 

 

Final Selektioun:

 

Zum Schluss ginn déi 2 Lëschten (Publikumslëscht a Juryslëscht) fir all Alterskategorie zesummen addéiert. D'Punktzuel déi hei ermëttelt gëtt definéiert de finale Klassement.

 

Pro Alterskategorie qualifizéiere sech déi 4 Bands/Solokënschtler mat der héchster Punktzuel fir de finale Line-Up vum Screaming Fields 2019.

 

Bei engem eventuelle Gläichstand op der jeeweileger 4. Plaz gëtt déi Band/dee Solokënschtler geholl dee méi Stëmme beim Publikumsvoting krut.

 

 

IV. Publikatioun vum Line-Up 2019

 

Déi Phase wou de Public fir d'Bands a Kënschtler ofstëmme kann, ass den 17. Mee 2019 um 12:00 Auer eriwwer. Bis dohin huet och d'Jury hire Choix gemaach an den 20. Mee 2019 gëtt dann d'Endresultat op der Internetsäit www.screamingfields.lu annoncéiert an domat déi 8 Bands/Solokënschtler (4 an der Kategorie "12 bis 18 Joer" a 4 an der Kategorie "19 bis 25 Joer") déi déi meeschte Punkte kruten a sech esou fir de Screaming Fields 2019 qualifizéiert hunn. D'Bands/Solokënschtler kréien eng E-mail geschéckt déi hinnen hir definitiv Participatioun um Screaming Fields 2019 confirméiert.

 

 

V. Verflichtungen vun de Bands/Solokënschtler déi sech fir de Screaming Fields 2019 qualifizéieren:

 

  • D'Bands/Solokënschtler déi sech fir de Screaming Fields qualifizéiert hunn, verflichte sech e den 13. Juli 2019 e Concert an der Rockhal ze spillen.

 

  • D'Bands/Solokënschtler verflichte sech un de Preparatiounsmeetingen a Workshopen esou wéi de Live Prouwen deelzehuelen déi am Mee, Juni an am Juli stattfannen. D'Detailer vun dëse ginn hinne mat der Confirmatiounsmail geschéckt.

 

  • D'Artiste verflichten sech den 13. Juli 2019 e Concert vun 20 Minuten ze spillen deen haaptsächlech aus eegene Stécker besteet. Méi wéi 1 Coverversioun ass net erlaabt.

 

  • D'Artisten déi den 13. Juli 2019 e Concert um Screaming Fields spillen, declaréiere sech averstanen, dass hire Concert am Kader vun enger Radiodiffusioun an/oder enger Telediffusioun, respektiv zu allgemenge Promo- an Archivagezwecker eventuell opgeholl gëtt.

         

 

VI. Legal Obligatiounen

 

D’Band/De Solokënschtler sinn eenzeg an alleng responsabel fir de Contenu dee si op d’Websäit www.screamingfields.lu sëtzen. Andeems si Contenu ënnert Form vun Text, Bild a Musek op d’Websät www.screamingfields.lu sëtze si si domat averstan dass d’Rockhal a kengem Fall d’Haftung fir dëse Contenu iwwerhëlt.

 

D’Band/De Solokënschtler garantéieren dass si all néideg Rechter, Lizenzen, Zoustëmmungen an Erlaabnisser hunn déi néideg si fir de Contenu dee si fir eng Participatioun um Screaming Fields benotzen. Dëst bezitt sech haaptsächlech op d’intellektuell Proprietéit vun de Fotoen, Videoen an der Musek déi si benotzen.

 

D’Band/De Solokënschtler erkläert sech bereet d'Rockhal fräizehale vun den Uspréch vun eventuellen Drëttparteie falls dës Rechter vun hir/him gebrach gi wieren. Dëst soll heeschen, dass déi Lidder a Videoen déi si erareeche keng Coverversiounen dierfe sinn an dass keng Samplen, Musek, Biller oder Texter vun enger anerer Persoun dra benotzt dierfe ginn, t’sief da si hunn déi explizit Erlaabnis vun de Rechteinhaber.

 

D’Rockhal behält sech d’Recht vir, ouni mussen eng Erklärung ofzeginn, all Contenu op www.screamingfields.lu ofzeleenen, ze modifizéieren oder ze läschen, ouni am Viraus Bescheed ze ginn, sollt eng vun deenen uewe genannten Obligatiounen net respektéiert ginn. D’Rockhal behält sech d’Recht vir, all néideg Schrëtter ze ënnnerhuele falls offensiv Kommentaren oder Kommentaren déi géint d’Gesetz verstoussen op der Websäit erschéngen.

 

All Mineur dee matmécht verflicht sech eng Autorisation parentale eranzereechen.

 

mincu.png
OPL&PHIL.png
snj.png
1007.png

All pictures taken by Yannis Capitani, Sam Flammang, Corinne Hennico  & Noah Fohl 

Privacy Policy

mega.png
hk.png
sm.png
pra.png
ettel.png
jonk.png
koll.png
standart.png