Screaming Fields SONG CONTEST

Amplified by Ministère de l'Égalité entre les femmes

et les hommes

 

Offiziellt Reglement

 

I. Allgemenges :

 

De Screaming Fields Song Contest gëtt vum Rocklab vun der Rockhal mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l'Egalite entre les femmes et les hommes organiséiert an adresséiert sech u jonk Bands a Museker aus Lëtzebuerg.

 

Cactus ass associéierte Partner.

 

 

II. Alter:

 

De Song Contest adresséiert sech u Bands a Museker déi tëscht 12 a 25 Joer al sinn.

 

All Participant dee sech fir de Song Contest umellt, eleng oder als Stellvertrieder fir e Kollektiv vun Auteur-Compositeuren an Interpreten, präziséiert am Umeldungsformulaire säin Alter, respektiv den Duerchschnëttsalter vu senger Band.

 

Den Duerchschnëttsalter vun enger Band gëtt unhand vun der Moyenne vun den individuellen Altere vun all Bandmember gerechent.

 

D'Rockhal hält sech d'Recht vir dës Ugaben ze kontrolléieren andeems si e gültege Beweis fir dës verlaangt.

 

All Mineur dee matmécht verflicht sech eng Autorisation parentale eranzereechen.

 

 

III. Wunnsëtz a Nationalitéit:

 

De Song Contest adresséiert sech u Bands a Museker déi hiren offizielle Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an/oder déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn.

 

D'Rockhal hält sech d'Recht vir dës Ugaben ze kontrolléieren andeems si e gültege Beweis fir dës verlaangt.

 

Viregt Gewënner vum Song Contest sinn net eligibel.

 

  

IV. Umeldung:

 

D'Participanten déi déi uewen ernimmte Konditiounen erfëlle kënne sech online fir de Song Contest umelden andeems si den Aschreiwungsformulaire op www.screamingfields.lu/songcontest komplett ausfëllen a domat erkläre Kenntnis vun dësem Reglement geholl ze hunn a mat dësem averstanen ze sinn.

 

All Umeldung via den Online Formulaire ass definitiv. Nodréiglech Ännerunge ginn net akzeptéiert. D'Donnéeën déi iwwert de Formulaire eragereecht goufe kënne vun der Rockhal, vum Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes a vu Cactus fir promotionell Zwecker am Kader vum Song Contest benotzt ginn. Déi genee Altersugaben a Kontaktdate ginn net publizéiert.

 

D'Umeldung ass eréischt komplett wann d'Rockhal eng Kopie vum Lidd (MP3 oder WAV Format) an de Limitë vun der ënne genannter Aschreiwungsperiod erhalen huet. Dës Kopie ass via Webtransfer (Wetransfer, Dropbox o. ä.) u screamingfields@rockhal.lu ze schécken.

 

De Participant kritt seng Umeldung per Mail bestätegt.

 

 

V. Aschreiwungsperiod

 

D'Aschreiwungsperiod leeft vum 29. Mäerz 2019 um 12h00 bis den 10. Juni 2019 um 12h00. De 10. Juni 2019 ass soumat d'Deadline fir eng Kopie vum Lidd eranzeschécken.

 

 

VI. D'Lidd

 

Fir d'Aschreiwung schéckt de Participant eng Demoopnahm vu sengem Lidd esou wéi en Text eran. D'Lidd muss eng original onverëffentlecht Kompositioun sinn. Heibäi spillt d'Qualitéit vun der Opnahm keng Roll. D'Instrumenter an d'Stëmm kënne ganz einfach opgeholl sinn (z.Bsp mat engem Smartphone oder Handyrecorder). Am Fall wou den Text net an enger vun de folgende Sprooche geschriwwe wier muss de Participant ëmstand sinn eng adequat Iwwersetzung vu sengem Text an enger vun eben dëse Sproochen ze liwweren: Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch.

VII. Thema

 

De Participant schreift e Stéck dat sech u folgendem Thema inspiréiert:

 

"It’s called Democracy, Stupid!"

 

100 Joer nom Aféiere vum Allgemenge Walrecht si Fraen a Männer zu Lëtzebuerg virum Gesetz gläichgestallt. Dat ass eng Grondviraussetzung vun der Demokratie a schéngt eis haut évident.

 

Mee geet et mam Respektéiere vu Gesetzer duer, fir tatsächlech Demokratie ze liewen? Hu Jongen a Meedercher, Fraen a Männer, am private, berufflechen, a politesche Liewen tatsächlech déi selwecht Chancen a Méiglechkeeten?  Wat fir Ongläichheeten/Diskriminatiounen tëscht de Geschlechter spiers a gesäis du a maache sech och an dengem Alldag bemierkbar? A wat kanns du perséinlech an d’Gesellschaft maachen fir dës Mëssstänn aus der Welt ze schafen? 

Verschaff deng Gedanke fir e méi geschlechtergerecht Zësummeliewen an engem Lidd.

  

De proposéierte Museksstil muss sech an engem vun dëse Genren oder sengen Ënnerkategorië situéieren: Pop, Rock, Urban Music, Metal, Elektro.

VIII. Jury

 

Eng Jury, zesummegesat aus den Organisateuren, Partner vum Song Contest a Leit déi an der lokaler Musekszeen aktiv si wielt tëschent dem 11. Juni 2019 an dem 12. Juli 2019 de Gewënner aus. D'Jury bewäert heibäi d'Kreativitéit an d'Originalitéit vun der Kompositioun a vum Text esou wéi d'Interpretatioun vum Lidd. Technesch Critèrë (Qualitéit vun der Opnahm) ginn net consideréiert.

 

D'Decisoun vun der Jury ass definitiv an ouni Appell.

 

 

IX. Gewënner

 

De Gewënner gëtt den 13. Juli 2019 op der Präisiwwerreechung um Screaming Fields Festival am Club vun der Rockhal annoncéiert.

 

 

X. Artist Package

 

De Gewënner erhält en Artist Package.

 

Den Artist Package huet et zum Zil aus der erageschéckter Iddi e fäerdege Song ze maachen deen dono diffuséiert a promovéiert gëtt. Während der ganzer Zäit gëtt den Artist vum Rocklab vun der Rockhal begleet.

 

An Zesummenaarbecht mat engem Produzent gëtt de Song am Rockhalstudio iwwerschafft, opgeholl a gemixt. De Song gëtt extern gemastered.

 

An Zesummenaarbecht mat engem Grafiker gëtt en Artwork fir d'Promotioun vum Song entworf.

 

An Zesummenaarbecht mat enger vum Artist an a Concertatioun mam Rocklab errausgewielter professioneller Videosequipe an/oder engem Realisateur gëtt e Videoclip fir dëse Song produzéiert.

 

D'Release vun dësem Song fënnt am Kader vun engem Event an der Rockhal statt.

 

Virun dësem Concert huet de Gewënner d'Méiglechkeet eng begleete Live Prouf an der Rockhal ze maache fir säi Concert virzebereeden.

 

D'Release vum Song gëtt an enger koordinéierter Promocampagne tëscht dem Gewënner an der Rockhal annoncéiert.

 

 

XI. Legal Obligatioune vum Participant:

 

De Participant ass eenzeg an eleng responsabel fir de Contenu deen hie bei senger Umeldung fir de Song Contest eraschéckt.

 

De Participant garantéiert, fir sech eleng oder als Stellvertrieder vun engem Kollektiv vun Auteur-Compositeuren an Interpreten, dass hien all néideg Rechter, Lizenzen, Zoustëmmungen an Erlaabnisser huet déi néideg si fir de Contenu deen hie fir seng Participatioun um Song Contest erareecht. Dëst bezitt sech haaptsächlech op d’intellektuell Proprietéit vum Text an der Musek vum Lidd dat hien erareecht, grad esou wéi op all weidert Material wéi Fotoen, Videoen a Musek déi hie benotzt fir seng Kandidatur ze completéieren.

 

De Participant garantéiert, fir sech eleng oder als Stellvertrieder vun engem Kollektiv vun Auteur-Compositeuren an Interpreten, datt hie Rechteinhaber vun der eragereechter Musek a vum Text ass. Dëst soll heeschen, dass den Text an d'Musek déi hien erareecht keng Coverversioun vun engem existéierende Wierk dierfe sinn an dass keng Samplen, Musek oder Texter vun enger anerer Persoun dra benotzt dierfe ginn, t’sief dann hien huet déi explizit Erlaabnis vun de Rechteinhaber.

 

De Participant erkläert sech bereet d'Rockhal an de Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes fräizehale vun den Uspréch vun eventuellen Drëttparteie falls dës Rechter vun him gebrach gi wieren.

 

D’Rockhal an de Ministère de l'Egalite entre les femmes et les hommes behale sech d’Recht vir, ouni mussen eng Erklärung ofzeginn, all Contenu ofzeleenen sollt eng vun deenen uewe genannten Obligatiounen net respektéiert ginn.

 

D’Rockhal an de Ministère de l'Egalite entre les femmes et les hommes behale sech d’Recht vir, ouni mussen eng Erklärung ofzeginn, all Contenu ofzeleenen wa si dësen als potenziell diskriminéierend, offensiv, xenophob, belästegend, homophob oder sexistesch astufen.

 

 

XII. Legal Aspekter zu der Opnahm an der Videoproduktioun

 

De Gewënner erkläert sech averstan datt deen am Kader vum Artist Package produzéierte Song esou wéi de Video zu promotionellen Zwecker souwuel vun der Rockhal wéi och vum Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes  kënne benotzt ginn an datt, au Besoin, alternativ Versiounen (Edits) fir dës Zwecker kënnen ugefäerdegt ginn. De Gewënner accordéiert der Rockhal an dem Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes d'Notzungsrechter vum Lidd a vun de Videoopnahmen. 

mincu.png
OPL&PHIL.png
snj.png
1007.png

All pictures taken by Yannis Capitani, Sam Flammang, Corinne Hennico  & Noah Fohl 

Privacy Policy

mega.png
hk.png
sm.png
pra.png
ettel.png
jonk.png
koll.png
standart.png