Praktesch Infos:
Screaming Fields Festival
Samsdes, 13. Juli 2019
Am Club vun der Rockhal
Ab 18:00
Gratis Entrée!
www.rocklab.lu
Kontakt:
Rocklab 
5, avenue du Rock'n'Roll
4361 Esch-sur-Alzette
screamingfields@rockhal.lu
tel.: 24555-1
 

D'Konzept

Zanter der éischter Editioun am Joer 2010 ass de Screaming Fields de Festival schlechthi fir jonk Bands a Museker aus Lëtzebuerg ginn. Organiséiert vum Rocklab vun der Rockhal huet dëse Festival sech als Zil gesat dës Bands a Museker ze reperéieren, ze ënnerstëtzen an ze promouvéieren. Domat ass de Screaming Fields och wäitaus méi wéi en einfache Festival. All Band oder Museker dee sech nom Voting fir de Line-Up vum Festival qualifizéiert profitéiert nämlech vun enger ganzer Rei Ënnerstëtzungsmoossnamen déi de Rocklab op d'Bee gestallt huet. Nieft spezifesche Workshoppen (wéi z.Bsp. Gesangscoaching) organiséiert de Rocklab nämlech och eng Partie Meetinge wou fundamentalen techneschen Know-How (Erstelle vun engem Stage Plot an enger Fiche Technique) iwwermëttelt gëtt grad esou wéi déi gängegst Kommunikatiounsmethoden a -strategien um Netz an an de Soziale Netwierker. Do dernieft gëtt et dann och eng begleete Prouf am Proufsall, zesumme mat engm Musicien-conseil fir d'Openeelauschteren an d'Zesumespill als Band ze entwéckelen. Déi ganz Begleedung, déi sech iwwregens an dem Rocklab seng alldeeglech Aktivitéiten aschreift, gëtt mat enger Live Prouf am Club vun der Rockhal ofgeschloss. Hei kënnen d'Bands a Museker da mat Hëllef vun engem Musicien-conseil an der technescher Equipe vun der Rockhal un hirem Bühnesound schaffen an hire Live Set perfektionéieren éiert si virum Public am Club vun der Rockhal optrieden. D'Präisser déi e ze gewanne gëtt sinn och alleguer am Kader vun enger weiderféirender Begleedung konzipéiert. Nieft Prouf- an Ophuelsessions am Rocklab gëtt et Live Prouwen esou wéi finanziell a promotionell Hëllefen ze gewannen, déi vum Rocklab an de Partner vum Festival opgestallt goufen. Nieft dem Festival an dem Live Aspekt steet dann ausserdem och parallell de kreative Prozess an d'Opnahm vun engem Lidd am Mëttelpunkt vum Screaming Fields Song Contest dee parallel zum Festival leeft.

mincu.png
OPL&PHIL.png
snj.png
1007.png

All pictures taken by Yannis Capitani, Sam Flammang, Corinne Hennico  & Noah Fohl 

Privacy Policy

mega.png
hk.png
sm.png
pra.png
ettel.png
jonk.png
koll.png
standart.png