Screaming Fields 
Song Contest

Amplified by Ministère de l'Égalité entre les femmes et les hommes

Du bass jonk, kreativ an hues epps ze soen? Du méchs Musek? Dann ass de Screaming Fields Song Contest dat Richtegt fir dech! Schreif dech an, schéck eis deng Iddi fir e Song a gewann en Artist Package:

 

  • Opnahm & Produktioun vun dengem Lidd am Rockhalstudio

  • Videoclip

  • Promocampagne

  • Live Prouf an der Rockhal

  • Release Party an der Rockhal

Wie ka matmaachen?

 

Jonk lokal Museker tëscht 12 a 25 Joer, als Solokënschtler oder Band, aus de Beräicher Rock, Pop, Urban Music, Elektro, Metal an hiren Ënnerkategorien.

 

Wat ass d'Thema?

 

"It's called Democracy, Stupid!"

 

100 Joer nom Aféiere vum Allgemenge Walrecht si Fraen a Männer zu Lëtzebuerg virum Gesetz gläichgestallt. Dat ass eng Grondviraussetzung vun der Demokratie a schéngt eis haut évident.

 

Mee geet et mam Respektéiere vu Gesetzer duer, fir tatsächlech Demokratie ze liewen? Hu Jongen a Meedercher, Fraen a Männer, am private, berufflechen, a politesche Liewen tatsächlech déi selwecht Chancen a Méiglechkeeten?  Wat fir Ongläichheeten/Diskriminatiounen tëscht de Geschlechter spiers a gesäis du a maache sech och an dengem Alldag bemierkbar? A wat kanns du perséinlech an d’Gesellschaft maachen fir dës Mëssstänn aus der Welt ze schafen? 

 

Verschaff deng Gedanke fir e méi geschlechtergerecht Zësummeliewen an engem Lidd.

  

De proposéierte Museksstil muss sech an engem vun dëse Genren oder sengen Ënnerkategorië situéieren: Pop, Rock, Urban Music, Metal, Elektro.

Wat eraschécken?

 

Eng Opnahm an Demo Qualitéit an en Text mat deene sech d'Jury en éischt Bild maache kann.

Wat ass d'Deadline?

Den 10. Juni 2019

Firwat e Song Contest?

 

De Screaming Fields Song Contest geet an déi drëtt Editioun! De Concours leeft parallell zum Festival an huet et sech als Zil gesat jonk Singer-Songwriter, Bands a Bedroom Producer d'Méiglechkeet ze ginn hir Kreativitéit ënner Beweis ze stellen a se mat engem gréissere Public ze deelen. All Joer hu si esou d'Méiglechkeet hir Demoen a Songiddien zu engem bestëmmten Thema eranzeschécken.

Fir d'Editioun 2019 huet de Rocklab vun de Rockhal mam Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes en neie Partner mat u Bord. Am Kader vum 100. Anniversaire vun der Aféierung vum Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg evoluéiert d'Thema da rondrëmm d'Notioune vun Demokratie a Gläichberechtegung an déi jonk Talenter sinn opegeruff dëst kreativ an engem Song ze verschaffen.

 

 

Wat kann ee gewannen?

 

De Präis kënnt a From vun engem  Artist Package, offréiert vum Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes an Zesummenaarbecht mam Rocklab. Dësen erméiglecht et dem Gewënner seng Iddi an e fäerdege Song ëmzewandelen, seng Kreativitéit Form unhuelen ze loossen a seng kënschtleresch Visioun engem grousse Publikum méi no ze bréngen. Getréi senger alldeeglecher Aarbecht encadréiert de Rocklab dobäi de ganze Prozess vun der Songproduktioun am Studio bis zur Verëffentlechung. Den Artist kritt bei all Etapp Ënnerstëtzung, sief dat fir mat engem Produzent zesummen um Lidd ze schaffen an et professionell am Rockhalstudio opzehuelen, e passende Videoclip ze produzéieren oder de Song mat enger konsequenter Promocampagne a Mediepartner eraus an d'Welt ze droen an d'Release mat engem Concert an der Rockhal ze feieren.

De Screaming Fields Song Contest gëtt a Partenariat mam Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes organiséiert.

 

mincu.png
OPL&PHIL.png
snj.png
1007.png

All pictures taken by Yannis Capitani, Sam Flammang, Corinne Hennico  & Noah Fohl 

Privacy Policy

mega.png
hk.png
sm.png
pra.png
ettel.png
jonk.png
koll.png
standart.png